Mobil Sammlung
Mobil Sammlungen sinn 4x am Joer an all Gemeng – entweder mat engem mobile Service-Center op der Haaptplaz vun der Uertschaft oder als Sammlung vun Dier zu Dier: da komme mir mat eisem Sammelauto virun Är Hausdier an dir kënnt Är Problemmatièren direkt ofginn.
Vill Gemengen hu Kalennere mat de Sammelterminer a – Strukture fir Är Uertschaft erausginn.
Bei grousse Quantitéite vu Problemprodukter, z.B., beim Plënneren oder wann en Haus geraumt muss ginn, kënnt Dir och de Service bei der SuperDrecksKëscht® fir Bierger ufroen (via info@old-sdk.moloko.lu) deen alles ewechhuele kënnt.
